top of page

De Virwëtzegen

Schnupperkuer

  • 80 euros
  • Biz Coffee Roasters

Service Description

„Gudde Kaffi“ ass fir jiddereen eppes anescht: vum Espresso wou de Läffel dra stoe bleiwt, bis bei de Cappuccino mam Schwan drop. Mir wëllen d’Komplexitéit vum Kaffi zesumme mat iech entdecken an iech d’Welt vum Spezialitéitekaffi weisen. Dëse Kuer ass fir all déi wou e Kaffisgeck sinn oder wëlle ginn! Learning outputs: Theorie: • De Wee vum Som an d’Taass • Wéieng Methoden ginn et fir „Kaffi“ ze maachen? • Waat sinn déi verschidde Parameter bei der Zoubereedung? • Waat ass Spezialitéitekaffi? Praxis: • Zoubereedung a Schmaachen vum Espresso • Zoubereedung a Schmaachen vum Filterkaffi • Sensorik-Training • Cupping vu verschiddene Bounen (Réischtgrad, Zorten a Qualitéit) Dauer: 3 Stonnen Form: 3-6 Leit Falls du zu de proposéierten Datumer net kanns, fäert net fir Famill a Kolleegen zesummen ze trommelen an eis déng zäitlech Präferenz matzedeelen :-)! Nach si mir relativ flexibel a géifen eis op dech freeën!


Upcoming Sessions


Contact Details

  • 3 Am Duerf, Dudelange, Luxembourg

    +352621787959

    info@bizcoffee.lu


bottom of page